Wëllefcher/Louveteaux - LX (8-10 Joer)

D'Wëllefcher liewe ganz streng nom Dschungelbuch a funktionéieren am Beschten am Grupp. D'Liewen am Ruddel ass ee ganz wibbelegt, wou all Wëllefchen seng Plaz a seng Aufgaben huet. Bei de Wëllef gëtt vill gespillt a gebastelt, et gi Geschichten erzielt an et gëtt och alt gekacht. An typescher Scoutsmanéier gi si oft an de Bësch a leieren iwwer d'Natur, a wéi een si respektéiert. An eise Wëllef ass jidderee wëllkomm, deen am Alter tëschent 8 an 10 Joer ass. D'Versammlunge sinn Samschdes vun 14h00 bis 16h00 zu Stroossen am Home "Bei de Kiewerlecken".