Scouten - SG - (11-13 Joer)

Bei de Scouten gëtt AVENTURE ganz grouss geschriwwen! Gläichzäiteg geet et awer och drëms, Kompetenzen ze entwéckelen, Verantwortung ze iwwerhuelen an natierlech och, mat senge Matmënschen eenz ginn. Eng ganz deck fett Portioun Spaas duerf do natierlech awer och net feelen. D'Scoute leieren dat ganzt Joer an de Versammlungen iwwert d'Scoutsliewen, Scoutstechniken an aner nëtzlech Sachen déi een am Liewen ka gebrauchen. Och gëtt op deem Wëssen, dat een an de Wëllefcher zum Beispill iwwer d'Natur gesammelt huet, opgebaut an dëst weiderentwéckelt. All Joers machen d'Scoute Campen, Weekender, Rallyen an allméiglech cool Aktivitéiten, wou hinnen d'Scoutsvaleuren bäibruecht ginn.