Rover (16-21 Joer) an Tembo (>21 Joer)

Jo jo, no den Expolrer bleiwe just nach d'Rover an d'Tembo. Hei sëtzen all eis trei Memberen, déi déi et duerch all d'Branche gepackt hunn an ëmmer nach net genuch kréien. Leider ass et bei de Rover wéinst Uni an Aarbecht net ëmmer einfach jidderee beieneen ze versammelen, mee wann et dozou kënnt da brennt de Bam! Oft sinn d'Rover virun allem bei Fester wéi dem Vizfest, oder dem Pow Wow präsent, een Deel vun hinnen ass awer och nach als Chef täteg. Soss maachen d'Rover awer eng ganz Rëtsch lëschteg Aktivitéiten ewéi City Trips, International Campen, den traditionelle Roverquiz vun der FNEL an nach anerer. Et gouf allerdéngs och schonn eng ganz Rei méi gemittlech Rover Versammlunge beim Gina oder einfach am Home, wou d'Rover sech gär treffe fir einfach e flotten Owend mat der Famill ze verbréngen. Wéi der bestëmmt gesinn hutt kann ee ganz laang Rover bleiwen, dat läit dorun, dass mir jo schliisslech keen ausschléisse wëllen ;)