Explorer (14-16 Joer)

 

Bei den Explorer leeft et anescht wéi een et bis elo vum Scoutsliewe gewinnt ass: D'Explorer si vill méi ivolvéiert an der Definitioun vum Programm, si schaffen en mat hirem Chef zesummen aus. 

D'Explorer si wéi eng Famill: Jidderee kennt sech a kennt deem aneren seng Stäerkten a Schwächten. Si deelen sech d'Chargen ënnerteneen op, hëllefen sech géigesäiteg a kënnen zu 100% op hier Kollegen zielen.

 

D'Ziel vun den Explorer ass et, zesummen ze liewen, zesumme Spaass ze hunn an zesumme Saachen ze ënnerhuelen. Si léieren doduerch Toleranz, a Verständnis deenen anere géigeniwwer a leeën doduerch de Grondstee fir eng besser Welt.

 

Wëlls du an eis super Explorerfamill antrieden? Mell dech beim Tom Sieradzki mat enger Mail un explorer@kiewerlecken.lu a fro no der nächster Aktivitéit!

 

 

D'Exploreréquippe... Wéi ëmmer mat ze vill Energie ;)