spacer
spacer spacer search

Kiewerlecken - Scouten a Guide vu Stroossen
Scouten a Guiden vu Stroossen

Search
spacer
header
Menu Principal
Page principale
Nouveaux membres
Chalet
Nos Branches
Responsables
Comité
Liens
Contactez-nous
Login





Lost Password?
Who's Online

Zitat des Tages

Thomas Jefferson
Thomas Jefferson: „Nur die Lüge braucht die Stütze der Staatsgewalt; die Wahrheit steht von alleine aufrecht.“
von zitate-online.de
 
Page principale

 
DeKiewerleck als .pdf

Léif Scoutsfrënn,

Eisen Périodique DeKiewerleck Nummer 222 as schon online! Ënnert "Downloads" fannt dir all eis Zeitungen als .pdf.

Falls dir interesséiert sidd DeKiewerleck an Zukunft och per email anticipéiert ze kréien, dann schreiwt en email un den This e-mail address is being protected from spam bots, you need JavaScript enabled to view it .

Bescht Scoutsgréiß,
D'Redaktioun.

 

Addendum:
Eisen Périodique wor op munchen Säiten feelerhaft. Ënnert Downloads fannt dir den Kiewerleck ouni Feeler. An Zukunft versichen ech Feeler zevermeiden.
- Alessandro

 
Alles Guddes fir 2011

Léif Scoutsfrënn,

D'Kiewerlecken wenschen all hiren Memberen en glecklecht an erfollegräicht 2011.
Wéi et sou üblech ass, hëllt een sech och emmer puer gudd Virsätz fir daat neit Joër. Ech fir mäin Deel huelen mir vir, den Kiewerleckssite méi oft up-ze-daten.
An Zukunft wäerten dann hoffentlech an regelméissegen Ofstänn Nouvellen op eisem Site publizéiert gin. Smile

Offiziell fänkt 2011 fir d'Kiewerlecken mam traditionellen Wanterpatt un. Den 15. Januar ab 16.00 Auer sidd dir all häerzlech wëllkomm an der rue du Bois, wou d'Kiewerlecken Glühwäin, Schoki an Käschten servéieren.

Bescht Scoutsgréiss,
D'Kiewerlecken.

 

 
Neien Caissier

Léif Scoutsfrënn,

Säit eiser Assemblée Générale vum 11. Oktober hun d'Kiewerlecken en neien Caissier, oder besser gesot eng nei Caissière. D'Christiane Kuborn iwwerhëllt dem Liz Biever seng Roll als Caissier.
D'Kiewerlecken bedanken sech beim Liz fir déi vill Joër als Caissier, mat all den schéinen an manner schéinen Momenter, an wënschen dem Christiane vill Spaass mat der neier Charge. Wink

Bescht Scoutsgréiss,
D'Kiewerlecken.

 
Nach keen Viz | Keen Viz méi?

Léif Scoutsfrënn,

Ween gäeren Viz hätt, kann es nach nobestellen per email un This e-mail address is being protected from spam bots, you need JavaScript enabled to view it ; mir hun nämlech eng ganz Kescht agekachten Viz nobestallt.

Bei groussen Bestellungen liwweren mir heem.

Bescht Scoutsgréiss,
D'Kiewerlecken.

 
Vizfest 2010

viiizLéif Scoutsfrënn,

Den 24. Oktober 2010 ass nees Vizfest!

Ab 11h00 kritt jiddfereen eng Coupe Schampes, oder en Glas Orangenjus fir d'Vizfest gudd unzefänken. :-)

Fir d'Mëttegiessen proposéieren mir wéi gewinnt zwee verschidden Menüën: 
- den traditionnellen Träipenmenü, mat Gromperen an Äppelkompott ,
- den Grillmenü, mat Mettwurscht an Thüringer oder mat zwou Mettwurschten, respektiv zwee Thüringer mat Gromperen an Äppelkompott.

Reservéiert Äeren Menü mat der Souche hei ennen per e-mail un This e-mail address is being protected from spam bots, you need JavaScript enabled to view it oder per Fax un den 31 06 60 bis den 22. Oktober.

Natierlech kënnt dir och frëschen an agekachten Viz bestellen. Ab enger Bestellung vun 50 Fläschen liwweren mir heem.

Mëttes stin vill flott Animatiounen fir Grouß an Kleng um Programm,an eng grouss Tombola mat attraktiven Präisser!

Hoffentlech gesin mir Ierch den 24. Oktober bei eis am Home. :-)

Bescht Scoutgréiss,
D'Kiewerlecken.

Read more...
 
<< Start < Prev 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Next > End >>

Results 43 - 48 of 64
spacer
Events Calendar
< November 2017 >
M T W T F S S
30 31 1 2 3 4 5
6 7 8 9 10 11 12
13 14 15 16 17 18 19
20 21 22 23 24 25 26
27 28 29 30 1 2 3
Derniers articles

Kiewerlecken ASBL est affilié à la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) et à l'WOSM (World Organization of the Scouting Movement) Site hosted by: Web hosting services
spacer