spacer
spacer spacer search

Kiewerlecken - Scouten a Guide vu Stroossen
Scouten a Guiden vu Stroossen

Search
spacer
header
Menu Principal
Page principale
Nouveaux membres
Chalet
Nos Branches
Responsables
Comité
Liens
Contactez-nous
Login





Lost Password?
Who's Online

Zitat des Tages

Giacomo Girolamo Casanova
Giacomo Girolamo Casanova: „Glück sollte nicht zu leicht und nicht zu schwer zu erringen sein.“
von zitate-online.de
 
Page principale

 
Journée Nationale de la Police

Léif Scoutsfrënn,

Wéi schon säit längerem bekannt, ass den Sonndeg, 3. Juli 2011 Journée Nationale de la Police. Zu dëser Geleeënheet, hun d'Kiewerlecken en flotte Stand opgeriicht, wou Pizza, Softdrinks an Béier verkaaft gëtt!
Mir riichten zu där Geleeënheet och en flott Informatiounszelt op!

Kommt laanscht op eise Stand, fir eist Scoutsjoer gebührend ofzeschléissen, bei engem Pättchen an/oder enger Pizza.

Den offiziellen Start ass um 11h30, mä eisen Pizzasuewen, an eis Frigoën si schon éischter un, ab 10h00 fir genau ze sinn!


Nota bene: D'Troupe huet Samschdeg, den 2. Juli 2011 vun 16h00 bis 18h00 Versammlung beim Centre Barblé fir d'Zelter asw. opzeriichten. D'Meute huet ganz normal Versammlung am Home.


Lénks Patt an bis en Sonndeg,
Chef de Groupe & assistants.



 
Charity Dinner

D'ONGD-FNEL scouts & guides a.s.b.l.
an Zesummenaarbecht mam Scoutsgrupp
Kiewerlecken Stroossen

invitéieren Iech häerzlech mat Äre Frënn a Bekannten op den

Charity Dinner

e Freideg, de 17. Juni 2011 um 19.30 Auer
am Home vun de Kiewerlecken
66, rue du Bois   L-8019 Stroossen


 Nepalesesche Menu

Samosa Vegetables

***

Chicken Curry

***

Beef Korma

***

Mixed Vegetables

***

Räis a nepalesesch Brout als Bäilag bei jidder Plat

 ***

Gulab Jaman


Präiss vum Menu sec, Kaffi oder Téi abegraff :  EUR 30.00
D'Sue sinn am virraus op de Kont BLUX  LU51 0081 6905 8200 1003 
vun der ONGD-FNEL, Vermierk „Charity Dinner",  ze iwwerweisen
 
Umeldungsschluss ass e Mëttwoch de 15. Juni 2011.
 
Umeldungen bei der ONGD-FNEL iwwer
E-mail: This e-mail address is being protected from spam bots, you need JavaScript enabled to view it   respektiv Telefon: 26 48 04 41,
oder bei de Kiewerlecken iwwer E-mail: This e-mail address is being protected from spam bots, you need JavaScript enabled to view it
 
Apéro vun 19.00 Auer uns mat Projektioun vu Fotoen vun eisen Nepalreesen 2010 an 2011 .
Den Erléis vum Owend geet zum Deel un d'Kiewerlecken
an un d'Entwécklungsprojeten vun der ONGD-FNEL .
 
Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung.

 
Endspurt

Léif Scoutsfrënn,

Mir sin all gesond an monter aus Holland z'reckkomm; den Kigruca huet jidderengem super Spaass gemaa (demnächst kommen puer Foto'en op den Site, leider net vill well den Fotoapparat huet gestreikt, mee mir hun awer baal eng Stonn Filmmaterial). 

No dëser leschter grousser Aktivitéit an eisem Scoutjoër stin lo nach en puer méi kleng Aktivitéiten um Programm;
d'Fête de la Police den 3. Juli 2011 zu Stroossen wou mir eng Iwerraschung preparéiert hun,
den alljëhregen Pow-Wow den 10. Juli 2011 op der Cap,
an fir d'Troupe stin och nach zwou Formatiounssortien an en klengen Ofschlosssummercamp um Weiher um Programm.

Net ze vergiessen: Eisen Dîner an Zesummenaarbecht mat der ONGD-FNEL den 17. Juni 2011 bei eis am Scoutschalet.

Hoffentlech laafen mir eis op déi enger oder aaner Aktivitéit iwert den Wee . :-)

Lénks Patt,
Chef de Groupe & assistants.
 
Grouss Botz 2011

Léif Scoutsfrënn,

Wei all Joers erem participeieren d'Kiewerlecken och des Keier bei der "Beschbotz-Aktioun".

Rendez-vous ass den Samsden 7. Mee um 9 Auer beim Fraiheetsbam.

Mettes um 14 Auer nom Iessen ass et dann riwer. Fir Iessen an Gedrenks ass gesuergt (gratis).

 

Mir gesin eis dann en Samsden voller Energie an Entousiasmus!!

 

Lenks Patt,

deng Cheffen 

 
Chèque-Iwerreschung

Den Mettwoch den 16. Februer hun d'Kiewerlecken an Collabotratioun mat der Chanceglaichheetskommissioun vu Strossen der Hellefsorganisatioun Care in Luxemburg a.s.b.l. en Chèque vun 5.000,-€ iwerreschet.

Des Suen sin um Gala-Dîner vum 13. November gesammelt an gespendt gin.

Mir soen all den Leit Merci dei gehollef hun an participeiert hun.

An hei nach puer Fotoen vun der Chèque-Iwerreschung:  

 
<< Start < Prev 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Next > End >>

Results 37 - 42 of 64
spacer
Events Calendar
< November 2017 >
M T W T F S S
30 31 1 2 3 4 5
6 7 8 9 10 11 12
13 14 15 16 17 18 19
20 21 22 23 24 25 26
27 28 29 30 1 2 3
Derniers articles

Kiewerlecken ASBL est affilié à la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) et à l'WOSM (World Organization of the Scouting Movement) Site hosted by: Web hosting services
spacer