spacer
spacer spacer search

Kiewerlecken - Scouten a Guide vu Stroossen
Scouten a Guiden vu Stroossen

Search
spacer
header
Menu Principal
Page principale
Nouveaux membres
Chalet
Nos Branches
Responsables
Comité
Liens
Contactez-nous
Who's Online

Zitat des Tages

Frank Thieß
Frank Thieß: „Pervers: was dem anderen missfällt.“
von zitate-online.de
 
Page principale

 
Nouvelles


Dei geheim organisatioun OC huet nees zougeschloen PDF Print E-mail
Written by Yves   
Wednesday, 21 September 2011
Eis Opferen waren des Keier den Alessandro Pélé Plebani deen den Bourdon réfléchi gin ass, den Felix Dahm gouf den Chimpanzé impulsif  an d'Noémie Wagener ass als Autruche engagée emgedeeft gin.
 
Spiller ouni Grenzen PDF Print E-mail
Written by Yves   
Monday, 12 September 2011

Léif Scoutsfrënn

Dëst Joer fänke mir mat eiser lo schon bal traditioneller Porte-ouverte un.

Wéi dir schonns wahrscheinlech per Courrier gewuer gi sidd leeft dës ënnert dem Thema „Spiller ouni Grenzen - Eng faarweg Welt“. Dëst geschitt am Kontext vun eiser Participatioun um Pilotprojet vun der FNEL iwwert d'Intégration vun Jugendlechen. Ziel vun dësem Projet ass et den Begrëff Scoutismus, seng Prinzipien ass seng Idealer fir en méi groussen Public verständlech ze maachen. Projeten wei dësen waren den Kiewerlecken nach ëmmer wichteg, ech erënneren do zum Beispill un eis verschidden humanitär Aktiounen am Nepal, am Burkina Faso oder an Moldawien.

Fir en esou breet gefächert Public ewéi méiglech kennen unzeschwätzen, hunn mir dunn decidéiert d'Commission de l'Intégration vun der Gemeng Stroossen ze froen fir eis bei eisem Projet ze hëllefen, déi mir dunn och direkt vun hinnen kruten. Fir hir Ënnerstëtzung an Hëllefsbereetschaft op dëser Plaatz elo schon en groussen Merci

Ech hoffen iech zuelreich en Samschden ab 11 Auer bei eis am Home begréissen ze kennen fir d'Scoutsjoër 2011-2012 zesummen unzefänken.

Bis en Samschdeg...

Lénks Patt,

Yves

 
Grouss Vakanz PDF Print E-mail
Written by Alessandro   
Wednesday, 03 August 2011

Léif Scoutsfrënn,

D'Kiewerlecken wenschen all hiren Memberen an Sympathisanten eng flott an erhuelsam grouss Vakanz!
Nächst grouss Aktivitéit: den 17. September 2011 ass d'Rentrée bei den Kiewerlecken "Spiller ouni Grenzen bei den Scouten".

Lénks Patt,
Chef de groupe & assistants. 

 
Journée Nationale de la Police PDF Print E-mail
Written by Pélé   
Wednesday, 29 June 2011

Léif Scoutsfrënn,

Wéi schon säit längerem bekannt, ass den Sonndeg, 3. Juli 2011 Journée Nationale de la Police. Zu dëser Geleeënheet, hun d'Kiewerlecken en flotte Stand opgeriicht, wou Pizza, Softdrinks an Béier verkaaft gëtt!
Mir riichten zu där Geleeënheet och en flott Informatiounszelt op!

Kommt laanscht op eise Stand, fir eist Scoutsjoer gebührend ofzeschléissen, bei engem Pättchen an/oder enger Pizza.

Den offiziellen Start ass um 11h30, mä eisen Pizzasuewen, an eis Frigoën si schon éischter un, ab 10h00 fir genau ze sinn!


Nota bene: D'Troupe huet Samschdeg, den 2. Juli 2011 vun 16h00 bis 18h00 Versammlung beim Centre Barblé fir d'Zelter asw. opzeriichten. D'Meute huet ganz normal Versammlung am Home.


Lénks Patt an bis en Sonndeg,
Chef de Groupe & assistants.



 
<< Start < Prev 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Next > End >>

Results 33 - 36 of 118
spacer
Events Calendar
< November 2017 >
M T W T F S S
30 31 1 2 3 4 5
6 7 8 9 10 11 12
13 14 15 16 17 18 19
20 21 22 23 24 25 26
27 28 29 30 1 2 3
Derniers articles

Kiewerlecken ASBL est affilié à la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) et à l'WOSM (World Organization of the Scouting Movement) Site hosted by: Web hosting services
spacer