spacer
spacer spacer search

Kiewerlecken - Scouten a Guide vu Stroossen
Scouten a Guiden vu Stroossen

Search
spacer
header
Menu Principal
Page principale
Nouvelles
Nouveaux membres
Nos Branches
Downloads
Photos
Forum
Chalet
Responsables
Comité
Liens
Contactez-nous
Recherche
Who's Online
We have 3 guests online

Zitat des Tages

Albert Schweitzer
Albert Schweitzer: „Ich bin Leben, das leben will, inmitten von Leben, das leben will.“
von zitate-online.de
 
Page principale arrow Nouvelles

 
Nouvelles


D'Kiewerlecken wënschen e gudde Rutsch! PDF Print E-mail
Written by Pélé   
Saturday, 29 December 2012

Léif Scoutsfrënn,

Ech si schonn e puer Mol dorop opmierksam gemaa ginn, datt onse Site net méi richteg mat Nouvellë gefëllt ginn ass. Ech notzen dëst Geleeënheet also fir e klengen Update iwwert onse Scoutsgrupp ze maan, an an engems e Gudde Rutsch ze wënschen.

No engem Vizfest bei summerlechen 20°C, no ville Versammlungen, nom Chrëschtmaart an de Chrëschtcampë bei hierschtlechen 12°C (tëschenduerch ass d'Welt och eng Kéier ënnergaang); et ass also wierklech vill geschitt zënter dem leschten Update vun onsem Site...; kënnt elo dat laang ersehnte Sylvester. Muncheree geet an d'Ausland feieren, aanerer feieren doheem, an nach aanerer kucken mat Sëcherheet Dinner for one. Smile

D'Kiewerlecken wënschen all hire Memberen e Gudde Rutsch an dat neit Joer!

Mir gesinn eis dann e Samschdeg, den 12. Januar 2013 bei eisem Wanterpatt.

Lénks Patt,
Alessandro.

 
PIZZAPIZZAPIZZA PDF Print E-mail
Written by Pélé   
Monday, 17 September 2012

Léif Scoutsfrënn,

No enger erfollegräicher Porte Ouverte leschte Weekend (bei herrlechem Wieder), steet elo déi nächst Aktivitéit um Programm: de Stroossefestival (wou d'Wieder och herrlech wäert sinn). D'Kiewerlecken huelen dann nees de Pizzasuwen aus hirer Garage, a baake fläisseg Pizza.

Dobäi servéiere mir e Pättche Wäin a Softdrinks.

De Präiss vun der Pizza? De Würfel entscheet. Du kriss e Würfel an de Grapp, an d'Chance entscheet ob deng Pizza een eenzegen Euro kascht, oder ganzer 6. :-)

Rendez-vous: Samschdeg, den 22. September 2012 vu 15h00 un op der Place Grande-Duchesse Charlotte zu Stroossen.

Bis geschwënn!

Lénks Patt,
Alessandro. 

 
Schéi Vakanz PDF Print E-mail
Written by Alessandro   
Friday, 13 July 2012

Léif Scoutsfrënn,

Ech setzen am Moment am Home am Büro, kucken aus der Fenster, an ewéi esou üblech reent et.

Wat ech mech freeën, mäi Rucksaack ze paacken, a mat de Scouten an den Aveyron an dat sonnegt Frankräich ze fueren (bei schnucklegen 30° C)! Smile
D'Explorer fléien an 10 Deeg a Finnland, do reent et mat grousser Wahrscheinlechkeet och vill manner ewéi hei!

D'Kiewerlecken wënschen all hire Memberen a Sympathisanten eng schéi Vakanz. Ech hoffen, dir genéisst äere Congé resp. grouss Vakanz genau esouvill ewéi ech. Smile

Lénks Patt,
Alessandro.

 
Vote fir d'ONGD-FNEL PDF Print E-mail
Written by Pélé   
Friday, 08 June 2012

Léif Scoutsfrënn,

Eise Kiewerlecksite ass zënter enger Zäitchen net méi up-to-date gesat ginn.
Et géif ee bal mengen, d'Kiewerlecken géingen nëmmen nach Schlittschong laafen, et ass also héich Zäit, datt eppes neies op de Site kënnt, ewéi just "Kiewerlecken on ice".

D'ING Bank Lëtzebuerg huet zënter enger Zäitchen d'ING Solidarity Awards lancéiert. D'ONGD-FNEL mécht do och mat, an et wier fein, wann s Du Deng Stëmm u si gëss.

Klick einfach op folgendem Link:
http://www.ing.lu/public/servlet/CsrSearchLoadAssocServlet?associd=20177
an dann op "Je vote pour cette association".

D'Ofstëmmung leeft bis den 10. Juni 2012.

Merci!

Lénks Patt,
Alessandro.

 
<< Start < Prev 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Next > End >>

Results 29 - 32 of 123
spacer
Events Calendar
< June 2017 >
M T W T F S S
29 30 31 1 2 3 4
5 6 7 8 9 10 11
12 13 14 15 16 17 18
19 20 21 22 23 24 25
26 27 28 29 30 1 2
Derniers articles

Kiewerlecken ASBL est affilié à la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) et à l'WOSM (World Organization of the Scouting Movement) Site hosted by: Web hosting services
spacer