2025/26
Dëst Joer (2025/26) hu mir leider keng Explorerbranche.
Cette anée scoute (2025/26) nous n'avons malheureusement pas d'Explorers.


Explorer - EX (14-15 Joer)
Bei den Explorer leeft et anescht wéi een et bis elo vum Scoutsliewe gewinnt ass: D'Explorer si vill méi ivolvéiert an der Definitioun vum Programm, si schaffen en mat hirem Chef zesummen aus. D'Explorer si wéi eng Famill: Jidderee kennt sech a kennt deem aneren seng Stäerkten a Schwächten. Si deelen sech d'Chargen ënnerteneen op, hëllefen sech géigesäiteg a kënnen zu 100% op hier Kollegen zielen. D'Ziel vun den Explorer ass et, zesummen ze liewen, zesumme Spaass ze hunn an zesumme Saachen ze ënnerhuelen. Si léieren doduerch Toleranz, a Verständnis deenen anere géigeniwwer a leeën doduerch de Grondstee fir eng besser Welt.


