Skip to contentSkip to footer
Kiewerlecken - Scouten a Guiden vu Stroossen

Kiewerlecken - Scouten a Guiden vu Stroossen
Kiewerlecken - Scouten a Guiden vu Stroossen

Umellen

SG: Explo (exact times to be confirmed)

Start

03/02/2024 08:00

End

03/02/2024 17:00

Address

Region Mersch

Informatiounen

(Infos & Inscription)

Mir wëllen iech dëst Joer, fir eisen Explo, an eis schéi Vallée des Sept Châteaux entféieren. Hei hu mir d'Méiglechkeet een Dag laang, un enger Zäitrees an d' Mëttelalter deelzehuelen.

D'Scouten erwaarde vill flott Posten a Spiller, kombinéiert mat enger immenser Landschaft, mysteriéise Schlässer esou wéi monumentale Buergen aus vergaangenen Zäiten. D'Scoute kënnen hier Scoutsskills ënner Beweis stellen a nei Frëndschafte schléissen.  

Esouvill sief verroden: et wäert ee flotten Trajet gebuede ginn, wou d'Scouten eleng ee vun dräi verschiddene Weeër mat anere Gruppen zesumme bestreiden. Ënnerwee fannen si reegelméisseg d'Cheffen déi si duerch innovativ Poste feiere wären.

De Schluss wäert zu Miersch sinn.  


Weini?: 3.02.2024 (+/- 8:00-17:00)
Wou?: Raum Miersch (genaueres kennt no)
Schluss?: Miersch Gare
Präiss: +/- 5 €/ pP

Material: alles wat ee Scout ob engem Trajet braucht