Skip to contentSkip to footer
Beaver (5-7 Joer)

Beaver (5-7 Joer)

WEE SI MIR? Kanner vu 5-7 Joer: Kommt an entdeckt mat eis zesummen d’Welt vun de Scouten! Mir invitéieren iech mat eis nei Saachen auszeprobéieren, d’Natur ze erfuerschen, ze koschteren, ze sammelen, ze lafen, ze poteren, ze spillen, ze kachen, Geschichten nozelauschteren an ze erzielen, op flott Ausflich ze goen, a Villes, Villes méi ze erliewen. Mat de Beaver geet d’Scoutsliewen un: mir léiere fein a respektvoll mat eis selwer a mat Aneren ëmzegoen, mir erliewen d’Natur aktiv a bei all Wieder, mir amuséieren eis a groussen an a klenge Gruppen a mir drécken eis net virun der Aarbecht wann se mol ufällt. Wéi d’Beaver liewe mir a klenge ‚Famillen‘—eisen Dämm—sou datt mir eis géigesäiteg ënnerstëtze kënnen, deenen Hëllef ubidden déi se brauchen, a vun aal a jonk kënne léieren. Eis Devise ass DEELEN—DEELEN—DEELEN, wat net ëmmer einfach ass, mee mir kënnen dat scho ganz gutt. Bei de Beaver gëtt d‘Scoutsphilosophie dëm Alter ugepasst: mir loossen eiser kierperlecher Energie an eiser Kreativitéit fräie Laf, léieren éischt Scoutstechnike kennen, schlofen am Schlofsak, maache Feier, a probéieren esou gutt ewéi mir et kënnen selwer eens ze ginn: ob dat beim Kachen, Undin, Kieren, oder der Orientéierung am Bësch ass. De Moment ass eis Colonie mat 30 Kanner voll besat, mee mir hunn eng Waardelëscht op deeër sech intresséiert Kanner kënnen aschreiwen.

Beaver (5-7 Joer)

Upcoming events

Keng Evenementer virzeweisen

Beaver (Age 5-7)
Beaver (Age 5-7)

Beaver (Age 5-7)

WHO ARE WE? Children aged 5-7: come and discover the world of scouting with us! We invite you to try out new things, to explore nature, potter about, collect stones and other bits and pieces, run about, chat, play, cook, listen to and tell exciting stories, go on nice excursions, and much, much more. With the Beavers, scouting life begins: we learn to treat ourselves and others in a nice and respectful way, we engage with nature actively and in all weathers, we have fun in large and small groups, and we do not shy away from work when it needs to be done. Like the beavers, we live together in small ‘families’—our dams or lodges—so that we can support each other, offer help to those who might need it, and learn from those older and younger than ourselves. Our motto is to SHARE—SHARE—SHARE, which is not always easy, but we are getting very good at it. The Beavers are introduced to the philosophy of scouting in an age-appropriate setting. We let our energy and creativity run free, learn about basic scouting techniques, sleep in sleeping bags, and make fires. We try to be as independent and self-sufficient as we can be at our age, be this when we cook, get dressed, tidy up, or find our way through the forest. At the moment our colony is full (30 children), but we have a waiting list for those who are interested in joining.

D'Beavergeschicht

D'Beavergeschicht

Et war eemol e grousse Biwerjong, dee sech enges Daags geduecht huet, dass et un der Zäit wier, fir an déi grouss Welt erauszegoen. Dëse jonke Biwer huet Bibu geheescht. En huet seng Saachen zesummenegepaakt an huet sech op de Wee an déi grouss Welt gemaach. Zu nämmlechter Zäit, op der anerer Säit vum grousse Bësch, huet och d’Jolly, e jonkt Biwermeedche sech geduecht, dass de Weier elo ze kleng gi wier fir all déi vill Biwergeschwester a Biwerbridder, an och hatt huet sech op de Wee gemaach, fir en neit Doheem ze fannen. Si waren allen zwee laang ënnerwee. Op eemol huet d’Jolly eppes héiere raschelen an huet sech séier hannert dem Bam verstoppt. E lëschtegen, jonken an flotte Biwerjong koum de Wee eropgetrëppelt an huet sech gefreet, fir ënnerwee ze sinn. D’Jolly ass aus senger Stopp gesprongen an huet ouni Angscht gefrot, wéi deen onbekannte Biwer heescht. Séier hunn déi zwee sech gutt verstan an hunn decidéiert zesumme weider ze trëppelen an zesummen en neie Weier fir en neit Doheem ze sichen. No enger laanger Sich war dat neit Doheem och fonnt an si hunn e schéinen, groussen a stabillen Damm gebaut. Kuerz duerno waren och scho kleng Biwer op der Welt an déi jonk Biwerfamill huet ugefaangen de Bësch an seng Bewunner besser kennen ze léieren. Mat Hëllef vun der Eil Malak an dem Kaweechelchen Tictac hunn si séier alles iwwert hiert neit Doheem geléiert. All Dag erliewe si vill kleng Aventuren a léieren all Dag e sëllegen nei Saachen, iwwert d’Menschen, d’Déieren, de Bësch an d’Welt. Déi ganz Geschicht fannt Dir och als Héierbuch op Youtube - hei de Link:

D'Beavergeschicht