Beaver (5-7 Joer)

WEE SI MIR? Kanner vu 5-7 Joer: Kommt an entdeckt mat eis zesummen d’Welt vun de Scouten! Mir invitéieren iech mat eis nei Saachen auszeprobéieren, d’Natur ze erfuerschen, ze koschteren, ze sammelen, ze lafen, ze poteren, ze spillen, ze kachen, Geschichten nozelauschteren an ze erzielen, op flott Ausflich ze goen, a Villes, Villes méi ze erliewen. Mat de Beaver geet d’Scoutsliewen un: mir léiere fein a respektvoll mat eis selwer a mat Aneren ëmzegoen, mir erliewen d’Natur aktiv a bei all Wieder, mir amuséieren eis a groussen an a klenge Gruppen a mir drécken eis net virun der Aarbecht wann se mol ufällt. Wéi d’Beaver liewe mir a klenge ‚Famillen‘—eisen Dämm—sou datt mir eis géigesäiteg ënnerstëtze kënnen, deenen Hëllef ubidden déi se brauchen, a vun aal a jonk kënne léieren. Eis Devise ass DEELEN—DEELEN—DEELEN, wat net ëmmer einfach ass, mee mir kënnen dat scho ganz gutt. Bei de Beaver gëtt d‘Scoutsphilosophie dëm Alter ugepasst: mir loossen eiser kierperlecher Energie an eiser Kreativitéit fräie Laf, léieren éischt Scoutstechnike kennen, schlofen am Schlofsak, maache Feier, a probéieren esou gutt ewéi mir et kënnen selwer eens ze ginn: ob dat beim Kachen, Undin, Kieren, oder der Orientéierung am Bësch ass. De Moment ass eis Colonie mat 30 Kanner voll besat, mee mir hunn eng Waardelëscht op deeër sech intresséiert Kanner kënnen aschreiwen.