Wëllef (8-11 Joer)

D'Wëllefcher liewe ganz streng nom Dschungelbuch a funktionéieren am Beschten am Grupp.

D'Liewen am Ruddel ass ee ganz wibbelegt, wou all Wëllefchen seng Plaz a seng Aufgaben huet.

Bei de Wëllef gëtt vill gespillt a gebastelt, et gi Geschichten erzielt an et gëtt och alt gekacht. An typescher Scoutsmanéier gi si oft an de Bësch a leieren iwwer d'Natur, a wéi een si respektéiert.

 

 

An eise Wëllef ass jidderee wëllkomm, deen am Alter tëschent 8 an 11 Joer ass. D'Versammlunge sinn all Samschdeg vun 14h00 bis 16h00 zu Stroossen am Home "Bei de Kiewerlecken".

Wann's du intresséiert bass bei eis an d'Wëllef ze kommen, da komm einfach eng Kéier Samschdes an eng Versammlung, oder informéier dech beim Tha, Chef de Meute.

E-Mail: wellefcher@kiewerlecken.lu

 

Louvetaux (8-11 ans)

La pédagogie du louvetisme est basée sur le Livre de la jungle et la vie en groupe.

Dans la meute, chaque loup a sa place et doit tenir compte des autres.

Les activités des jeunes louveteaux comprennent bricoler et jouer, on leurs raconte beaucoup d'histoires et parfois les louvetaux apprennent même à cuisiner.

Bien sur on va dans la forêt de temps en temps, ou les louveteaux sont éduqués sur la nature, et comment la respecter.

 

Les réunions des louvetaux se tienent tous les samedis de 14h00 à 16h00 au Home "Bei de Kiewerlecken" à Strassen.

Si toi tu as envie de joindre les louveteaux des Kiewerlecken, rien de plus simple: Tu peux simplement nous joindre lors d'une de nos réunions, ou contacter Tha, le chef de Meute en avance.

E-Mail: wellefcher@kiewerlecken.lu