Explorer (15-18 Joer)

 

Bei den Explorer leeft et anescht wéi een et bis elo vum Scoutsliewe gewinnt ass: D'Explorer si vill méi selbststänneg, et gëtt kee Chef. Zwar gëtt et ee "Responsabel", mee am Verglach zu de Beaver, Wëllef a Scouten ass dësen éischter ee gudde Kolleg deen alt mol Rotschléi gëtt, wéi ee Chef deen engem seet wat et ze maache gëtt.

D'Explorer stellen hire Programm gréisstendeels selwer zesummen a si wéi eng Famill. Jidderee kennt sech a kennt deem aneren seng Stäerkten a Schwächten. Si deelen sech d'Chargen ënnerteneen op, hëllefen sech géigesäiteg a kënnen zu 100% op hier Kollegen zielen.

 

D'Ziel vun den Explorer ass et, zesummen ze liewen, zesumme Spaass ze hunn an zesumme Saachen ze ënnerhuelen. Si léieren doduerch Toleranz, a Verständnis deenen anere géigeniwwer a leeën doduerch de Grondstee fir eng besser Welt.

 

Aktivitéiten

 

Wat maachen d'Explorer fir Aktivitéite frees du? Traditionell steet ëmmer den Explorer-Sportsdag um Programm an um legendäre Vizfest vun de Kiewerlecke maachen si de Viz frësch op der Plaz. De Rescht vum Joer gëtt vill Kreatives gemaach, mol gëtt eppes aus Holz gemaach oder eppes geschweesst, heiansdo treffen si sech awer och just fir ee gemittlechen Nomëtteg ze verbréngen an ze poteren.

 

Wëlls du an eis super Explorerfamill antrieden? Mell dech beim Tom Sieradzki mat enger Mail un explorer@kiewerlecken.lu a fro no der nächster Aktivitéit!

 

D'Exploreréquippe... Wéi ëmmer mat ze vill Energie ;)