Rentrée
Written by Alessandro   
Monday, 14 September 2015

Léif Scoutsfrënn,

No engem flotte Scoutsjoer 2014/15, dee mat zwee onvergiessleche Scoutscampen an Tanzania an a Japan mä och mat engem super Camp Volant, wou mir vu Veinen bis an d'Stad getrëppelt sinn, ë.a. duerch de Mëllerdall, laanscht d'Musel, a mam Kayak iwwert d'Sauer, op en Enn gaangen ass, geet et lo rëm lass!

D'Cheffenekipp krut Verstäerkung: Jonk Explorer déi mëttlerweil al a räif genuch sinn fir Cheffen ze sinn an e puer eeler Semester déi mat der Uni fäerdeg sinn an zréck kommen.

Sou geet et deemno den 19. September 2015 mat der Rentrée lass, pünktlech um 14h00 mat mega Programm! 

Lénks Patt,

Pélé