Scoutskiermes 2015
Written by Alessandro   
Monday, 22 June 2015

Léif Scoutsfrënn,

Sonndeg den 28. Juni 2015 ass ons traditionnell Scoutskiermes!

No der Tragedie am Nepal, ass de ganzen Erléis dee mir dëst Joer op der Scoutskiermes maachen zu Gonschte vun der ONGD-FNEL déi zanter 25 Joer an dem Land aktiv ass.

Vun 11h00 un ass d’Schampesbar op, de Grill un, an den Zalotebuffet op. Fir Animatioun fir Grouss a Kleng ass beschtens gesuergt! Duuschtreg an hongreg geet mat Sécherheet och keen Heem!

Fir déi Kleng hu mir e Kannerflouhmaart, e Sprangschlass a vill Spiller. J

Fir déi Grouss hu mir eng Schampes- an Austerebar a Musik vum Jeff SchmidtJ

Vü datt d’Spareribs sou gutt bei de Leit ukommen, proposéiere mir déi och dëst Joer. Dräi verschidde Menuë stinn zur Auswiel:

¡  Traditionnele Grillmenü mat Kiewerlinger (och bekannt als lëtzebuerger Grillwurscht) a Mettwurscht, Zalot an Dessert.

¡   Grillmenü mat Spareribs, Zalot an Dessert.

¡      Vegetaresch Variant ouni Fleesch


Ons Grillmeeschtere freeë sech op Däi Besuch.

 

Bis den 28. Juni um 11h00!

D’Kiewerlecken.

Last Updated ( Monday, 22 June 2015 )