Explorer (15-18 Joer)
Written by Alessandro   
Monday, 05 January 2015

D’Explorer si Jonker tëschent 15 an 18 Joer.

An den Explorer gëtt, par rapport zu de Scouten, vill méi op selbststännegt Schaffe gebaut. D’Explorer sinn net méi a Patrullen, mä an “Unitéiten” opgedeelt. ...

D’Bezeechnung “Chef” ass duerch “Responsablen” ersaat ginn, well an deem Alter d’Aktivitéieten sollen zesummen décideiert, organiséiert an duerchgefouert ginn, waat awer net heescht, datt de RUE a seng Adjointen näischt fir “hir” Explorer organiséiren an d’Versammlungen patronéiren dierf. All Unitéit organiséiert sech deemno wéi et hinnen am Beschten läit, dem Alter no an de Kenntnisser vun senge Memberen no.

Méi ausféierlech Informatioune kritt een um Site vun onser Federatioun: https://www.fnel.lu/presentation/tranches-d-age/explorer-15-18-ans.html

Oder per Email: mailⓐkiewerlecken.lu