spacer
spacer spacer search

Kiewerlecken - Scouten a Guide vu Stroossen
Scouten a Guiden vu Stroossen

Search
spacer
header
Menu Principal
Page principale
Nouvelles
Nouveaux membres
Nos Branches
Downloads
Photos
Forum
Chalet
Responsables
Comité
Liens
Contactez-nous
Recherche
Login





Lost Password?
Who's Online

Zitat des Tages

Johann Wolfgang von Goethe
Johann Wolfgang von Goethe: „Sie scheinen mir aus einem edlen Haus: Sie sehen stolz und unzufrieden aus.“
von zitate-online.de
 
Page principale

 
Scoutskiirmes

Léif Scoutsfrënn,

 Den 4. Juli 2010 ass nees Scoutskiirmes. Spuenesch Spezialitéiten stin um Menü. Hoffentlech schéngt d'Sonn, dann ass su richtegt Spuenien Feeling do! Reservéiert äeren Menü, andeems dir d'Souche per Fax oder per Post bis den 25. Juni aschéckt.

Folgend zwee Menü'en stin zur Auswahl:
• Spueneschen Menü (Apéritif: Sangrìa/Viz, Haaptplat: Paella, Dessert: Crême brûlée)
• Traditionellen Grillmenü (Apéritif: Sangrìa/Viz, Haaptplat: Cotelett oder Thüringer an Mettwurscht, Dessert: Crême brûlée)

Ab 11.00 Auer ass jiddfereen wëllkomm; d'Schampes Bar mecht iwwregens och um 11.00 Auer op. Wink

Um Programm sin außerdem flott Spiller an en Flouhmaart, fir déi Jonk.

 
Lénks Patt,
Chef de groupe an Assistant'en.

Read more...
 
KiGruCa 2010

Léif Scoutsfrënn,

Geschwenn ass Vakanz, an eisen Péngschtcamp steet virun der Diir.
Rendez-vous fir Wëllefcher, Scouten, Explorer an Rover den 22. Mee um 9.00 Auer op der Gare Centrale.
Dann fetzen mer mam Zuch an mam Bus bis op den Misärshaff.
Péngschtméinden, den 24. Mee also, ass och den traditionellen Elterendaag. All d'Elteren an och di kleng Beaver sin häerzlech invitéiert puer Stonnen mat den Kanner an mat den Cheffen ze verbréngen. Ab 10.00 Auer geet et lass.
Retour fir jiddfereen: Den 24. Mee um 15.30 Auer um Misärshaff.

See ya there,
D'Cheffen.

 
Bëschbotzaktioun

Léif Scoutsfrënn,

All gudden Scout mecht all Daag seng BA. Samsden hues Du déi perfekt Geleeënheet fir deng deeglech BA ze vollbréngen. Wink
D'Gemeng invitéiert nämlech all Veräin zur jährlecher Bëschbotzaktioun.

Rendez-vous: Den 8. Mee 2010 um 9.00 Auer beim Fräiheetsbaam.
Retour: Um 13.30 Auer op der nämleschter Plaaz.
Präiss: Selbstverständlech 0€. Smile

Um 12.00 Auer gëtt et dann och en gudden Ietsenbulli als Belounung.

Bis en Samsden,
Deng Cheffen.

 
Ausstellung an der City Concorde

Léif Scoutsfrënn,

Muer fänkt eis ominös Ausstellung an der City Concorde un. Vum 29. Abrëll bis den 8. Mee bauen d'Kiewerlecken an Zesummenaarbecht mat Jack Wolfskin en Zeltlager no. Daat Ganzt spillt sech virum Bram of. Smile
Eng perfekt Geleeënheet, fir d'Liewen op engem Scoutscamp ze entdecken, oder fir daat eent oder daat aanert Schnäppchen ze ergattern. Smile

Op dëser Plaatz wëllen mir Ierch och opmierksam maan, dass den 1. Mee natierlech keng Versammlungen oder aaner Aktivitéiten stattfannen.

Bis demnächst,
D'Cheffen.

 
Stroossen wibbelt

Léif Scoutsfrënn,

Samsden, den 24. Abrëll fannen keng Versammlungen statt. Daat heescht awer net, dass d'Kiewerlecken faul sin! D'Kiewerlecken paacken och dëst Joër eng Hand mat un, um Stroossen wibbelt.
Dir sidd och all häerzlech wëllkomm, un dëser Veranstaltung deelzehuelen, an dozou bäidroen, dass den Télévie 2010 en groußen Succès gëtt!

Bis demnächst,
Deng Cheffen.

 
<< Start < Prev 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Next > End >>

Results 55 - 60 of 68
spacer
Events Calendar
< January 2017 >
M T W T F S S
26 27 28 29 30 31 1
2 3 4 5 6 7 8
9 10 11 12 13 14 15
16 17 18 19 20 21 22
23 24 25 26 27 28 29
30 31 1 2 3 4 5
Derniers articles

Kiewerlecken ASBL est affilié à la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) et à l'WOSM (World Organization of the Scouting Movement) Site hosted by: Web hosting services
spacer