|
Écrit par Alessandro
|
|
13-07-2012 |
|
Léif Scoutsfrënn,
Ech setzen am Moment am Home am Büro, kucken aus der Fenster, an ewéi esou üblech reent et.
Wat ech mech freeën, mäi Rucksaack ze paacken, a mat de Scouten an den Aveyron an dat sonnegt Frankräich ze fueren (bei schnucklegen 30° C)! 
D'Explorer fléien an 10 Deeg a Finnland, do reent et mat grousser Wahrscheinlechkeet och vill manner ewéi hei!
D'Kiewerlecken wënschen all hire Memberen a Sympathisanten eng schéi Vakanz. Ech hoffen, dir genéisst äere Congé resp. grouss Vakanz genau esouvill ewéi ech.
Lénks Patt,
Alessandro.
|
|
Dernière mise à jour : ( 13-07-2012 )
|