spacer
spacer spacer search

Kiewerlecken - Scouten a Guide vu Stroossen
Scouten a Guiden vu Stroossen

Search
spacer
header
Menu Principal
Page principale
Nouvelles
Nouveaux membres
Downloads
Photos
Forum
Chalet
Responsables
Comité
Liens
Contactez-nous
Recherche
Who's Online

Zitat des Tages

Pierre Carlet de Marivaux
Pierre Carlet de Marivaux: „Manche Leute glauben alles, wenn man es ihnen nur zuflüstert.“
von zitate-online.de
 
Page principale arrow Nouvelles

 
Nouvelles


Dëse Weekend hunn d'Kiwerlecken keng roueg Minutt... PDF Print E-mail
Written by Alessandro   
Tuesday, 25 March 2014

Léif Scoutsfrënn,

Wéi den Titel vun dëser News et seet hu mir de Weekend vum 29. an 30. Mäerz 2014 volle Programm!

D'Wëllefcher huele Samschdeg un der grousser Botz deel a ginn de Stroossener Bësch botzen. Rendez-vous um 9h00 beim Fräiheetsbam.

D'Trupp huet Samschdeg eng flott Sortie duerch de Stroossener Bësch. Rendez-vous um 11h30 am Home.

Fir d'Explorer an d'Rover geet et op den Explorer- a Roverraid. Auerzäit an Destinatioun si geheim. :-)

Verschidde Cheffen sinn dëse Weekend op enger Formatioun um Misäershaff.

Dann: deen een an anere Kiewerleck geet fir de gudden Zweck an der Coque um Relais pour la vie lafen.

An et geet nach weider: zu Munneref geet Sonndeg d'Ausstellung zum Thema "100 Joer FNEL" un. Do ass natierlech all Kiewerleck wëllkomm!

Vill Spaass bei allem wat der maacht. :-)

Lénks Patt,

Pélé. 

 
Happy Birthday PDF Print E-mail
Written by Pélé   
Monday, 10 March 2014

Léif Scoutsfrënn,

D'Kiewerlecken vu Stroossen hunn dëser Deeg Gebuertsdag. Déi alleréischt Versammlung war de 4. Mäerz 1978, déi offiziell Grënnung war den 13. Mäerz 1978. Kuerz drop, den 9. Mee 1978, hunn d'Kiewerlecken sech der FNEL affiliéiert. Mir wënschen ons selwer Happy Birthday fir dësen net all ze ronne Gebuertsdag, an datt et op mannst nach 36 Joer esou weider geet. :-)

Lénks Patt,
Alessandro.

 
Mir hunn nach e bëssche Viz iwwreg... PDF Print E-mail
Written by Pélé   
Monday, 21 October 2013

Léif Scoutsfrënn,

E grousse Merci un jiddfereen dee gëschter op d'Vizfest koum. Et waren iwwert 100 Gäscht am ganzen Home verdeelt. 

Wee keng Geleeënheet hat fir kuerz bis laanscht ze kommen, an abbé nach Viz kafe wëll: Mir hunn nach agekachte Viz, awer net méi ganz vill! Den éischten ass deemno vir. Komm einfach eng Kéier Samschdeg am Nomëtten an den Home, an da kanns du esouvill agekachte Viz kafen, ewéi s du gären drénks. :-)

Lénks Patt,
Alessandro. 

 
Vizfest 2013 PDF Print E-mail
Written by Alessandro   
Tuesday, 15 October 2013

Léif Scoutsfrënn,

D'Kiewerlecke ware leschte Weekend an dee Weekend virdrun fläisseg Äppel rafen. Wat maache si da mat all deenen Äppel?! Richteg! Viz pressen! :-)

Deemno invitéiere mir ierch all op onst Vizfest Sonndeg den 20. Oktober 2013. (Jo, ech weess, mir kruten all viru kuerzem eng Opfuerderung an d'Bréifkëscht geheit, deen Dag wielen ze goen. Mee, nodeems jiddferee schéi brav wiele war, kann een dach roueg eng säfteg Träipoder e gudde laangen Thüringer an de Scoutshome iesse kommen.) :-)

Vun 11h00 un geet et lass. Natierlech kritt een dagsiwwer frëschen an agekachte Viz ze drénken an ze kafen, fir EUR 2.50 de Liter.

Reservéiert elo schonn äre Menü, andeems dir d'Souche hei ënnendrënner mat Zäite per email un ons (mailⓐkiewerlecken.lu) aschéckt.

Bis e Sonndeg! :-)

Lénks Patt,
Alessandro.

Read more...
 
<< Start < Prev 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Next > End >>

Results 1 - 4 of 106
spacer
Läscht Photoen
Vizfest 2013

Vizfest 2013

Derniers articles

Kiewerlecken ASBL est affilié à la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) et à l'WOSM (World Organization of the Scouting Movement) Site hosted by: Web hosting services
spacer