spacer
spacer spacer search

Kiewerlecken - Scouten a Guide vu Stroossen
Scouten a Guiden vu Stroossen

Search
spacer
header
Menu Principal
Page principale
Nouvelles
Nouveaux membres
Downloads
Photos
Forum
Chalet
Responsables
Comité
Liens
Contactez-nous
Recherche
Login





Mot de passe oublié ?
Pas encore de compte ? Enregistrez-vous
Who's Online

Zitat des Tages

Henry Ford
Henry Ford: „Hindernisse sind diese furchterregenden Sachen, die du dann siehst, wenn du dein Ziel aus den Augen verlierst.“
von zitate-online.de
 
Page principale

 
Nicolas MAGNETTE prend la relève de Tun RUPPERT comme Président de l’ONGD-FNEL.
L’exemple d’une succession réussie

Après 5  ans de présidence et d’engagement exemplaire à la tête de notre organisation non gouvernementale de développement Tun RUPPERT a décidé de ne plus renouveler son mandat ; il reste néanmoins administrateur pour soutenir son successeur. La FNEL doit à Tun RUPPERT un très grand MERCI pour son dévouement et sa gestion modèle.

C’est un jeune issu de nos rangs qui dirigera à l’avenir l’ONGD-FNEL, Nicolas MAGNETTE.  A l’âge de 11 ans Nicolas rejoint le groupe Kiewerlecken à Strassen. Il devient Responsable de l’Unité des Explorers et plus tard Chef de groupe adjoint. C'est aussi chez les Kiewerlecken qu'il fait ses premières expériences avec le développement communautaire. Il lance des projets au Burkina Faso et au Népal. Plus tard il est également membre du CA de l’ONGD-FNEL. Après une pause scoutisme bien méritée pour des raisons professionnelles et familiales (sa vie professionnelle l'amène à passer 3 ans en Afrique du Sud), Nicolas a immédiatement répondu OUI pour ce nouveau défi. MERCI.

Source : fnel.lu

 
Grouss Botz 2013

Léif Scoutsfrënn,

Wei all Joers erem participeieren d'Kiewerlecken och des Keier bei der "Beschbotz-Aktioun".

Rendez-vous ass den Samsden 13. Abrëll um 9 Auer beim Fraiheetsbam.

Mettes géint 13:30 Auer nom Iessen ass et dann riwer. Fir Iessen an Gedrenks ass gesuergt (gratis).

 

Mir gesin eis dann en Samsden voller Energie an Entousiasmus!!

 

Lenks Patt,

Yves & Alessandro

 
e-Kiewerlecken

Léif Scoutsfrënn,

Zënter kuerzem huet onse Scoutsgrupp fuschnei Emailsadressen!
Dir kënnt vun elo un äer Emailen op mail[at]kiewerlecken[dot]lu schécken. Ausserdem, hu mir eng ganz Rëtsch aaner Adressen wou dir ons kënnt kontaktéieren.

Wann dir ierch mat den Troupecheffen wëllt a Kontakt setzen: scouten[at]kiewerlecken[dot]lu.
Wann dir awer Froen zu de Wëllefcher hudd: wellefcher[at]kiewerlecken[dot]lu.
Fir d'Explorer? Ganz einfach: explorer[at]kiewerlecken[dot]lu.

Duerch all dës nei Adressen ass et ons méiglech all Kommunikatioun ze zentraliséieren, an et ass fir all Eltere méi einfach sech mat ons a Kontakt ze setzen, sierf et fir Umelldunge fir d'Aktivitéiten, sierf et fir all méiglech Fro.

Ons al Emailsadress kiewerlecken[at]pt[dot]lu fonktionnéiert awer nach ëmmer.

Ausserdem: D'Kiewerlecken hunn zënter Kuerzem eng Fanpage op Facebook. Dat heescht: Like us on facebook!  

Lénks Patt,
Alessandro & Yves.

 
Appdéit

Léif Scoutsfrënn,

Wat steet bei de Kiewerlecken als nächst um Programm, nodeems leschte Samschdeg keng Versammlunge waren?

Mir ginn all zesumme Schlittschong lafen! Samschdeg, den 9. Mäerz 2013 hu mir all, ob Kleng oder Grouss, ob mat oder ouni Schlittschong, rendez-vous um 10h00 bei der Schlittschongpiste op der Kockelscheier. Schluss ass um 12h00.

De 16. Mäerz 2013 ass dann déi lescht Versammlung, ier et op d'Scoutscampë geet.
D'Wëllefcher hunn hire Camp vum 25. Mäerz op den 28. Mäerz 2013, d'Troupe geet vum 3. Abrëll op de 6. Abrëll op hire Camp.

Bis spéitstens e Samschdeg!

Lénks Patt,
Alessandro.

 
Wanterpatt, Chrëschtbeemercher & more ...

Léif Scoutsfrënn,

2013 huet schonn zënter enger gudder Woch ugefaang; mir wënschen deemno alles Guddes am neie Joer!

Fir onse Scoutsgrupp heescht et elo nëmmen net schlapp maan, well mir hunn dëse Weekend volle Programm! :-)

Bei der Gëlle Fra an der Stad kritt ee schon zënter Woche kee Glühwäi méi, mee dofir awer bei de Kiewerlecken; Samschdeg, den 12. Januar 2013 ass onsen traditionnelle Wanterpatt. Vu 16h00 un offréiert iech onse Comité an déi ganz Cheffenéquipe gudde Schocki oder Glühwäin, a Käschten.

Sonndeg, den 13. Januar 2013 fueren d'Kiewerlecken duerch d'Stroosse vu Stroossen äer Chrëschtbeemercher asammelen. Mir sammelen all Chrëschtbeemchen op, dee gudd siichtbar um Trottoir läit; setzt also all fläisseg äere Chrëschtbeemchen eraus.

Fir de Rescht vun 2013 sinn allerhand flott Aktivitéite geplangt, sierf et Versammlungen, Sortien, Weekender oder Campen. :-)

Merci fir äert Vertrauen dat dir ons iwwer dat ganzt leschte Joer geschenkt hudd a bis geschwënn!

Lénks Patt,
Alessandro.

 
<< Début < Précédente 1 2 3 4 5 6 7 8 Suivante > Fin >>

Résultats 1 - 6 sur 45
spacer
Läscht Photoen
Summercamp Bécours 2012

Summercamp Bécours 2012

Derniers articles

Kiewerlecken ASBL est affilié à la FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) et à l'WOSM (World Organization of the Scouting Movement) Site hosted by: Web hosting services
spacer